Datum

am 19.10.2024 von 14:00 bis 15:30

Ort

ErwuesseBildung
av. Marie-Thérèse (CentreConvict: Entrée G, RDC)
L-2132 LUXEMBOURG

Ëmgi vun der Billerausstellung vun der Illustratorin Ave Clesen-Schmidt fanne Kanner ewéi Elteren oder Grousselteren Inspiratioun fir sech op d’Sich no hirem ganz eegene Buch Charakter ze maachen. Deen ze fannen ass guer net esou einfach. Mee zum Gléck huet d’Ave Clesen-Schmidt sou munch Aktivitéite fir de Geescht wakereg ze këddelen an d’Kreativitéit nëmmen esou spruddelen ze loossen.


An enger gemittlecher Atmosphäre voller fluffeger Këssen a Decke kréien d’Famille Material zur Verfügung gestalt fir hirer Kreativitéit fräie Laf ze loossen.

Wichteg: Wéi een Bild aus Billerbicher inspiréiert dech? Mir invitéieren dech däi Liblingsbillerbuch mat ze brengen.


De Workshop fënnt op Lëtzebuergesch an Englesch statt.

.


Eintritt: Gratis. Mir géifen eis iwwert ee klengen Don freeën.


Zillgrupp: Kanner (8 – 12 Joer) an hier Vertrauenspersoun (Elteren, Grousselteren, Nanny, … )


From ECHO.lu

Informatioun: info@ewb.lu


- - - - - - - - - - - - - - - - - - - - - - - -


Dësen Event fënnt am Kader vun Growing together vun der EwB statt. A Kooperatioun mam Eltereforum, mat der Ënnerstëtzung vum MENJE.

Termine und Uhrzeiten

Samedi 2024
19.10 de 14:00 à 15:30