Date

le 20.03.2025 à 18:30

Place

Rotondes
Place des Rotondes
L-2448 Luxembourg
Kulturgeschicht Lëtzebuerg

Désolé, ce texte n'existe pas en français.


Säit 2018 organiséiert den Institut de langue et de littératures luxembourgeoises vun der Universitéit Lëtzebuerg, an enker Zesummenaarbecht mat de kulturellen Institutiounen, eng Rei Konferenzen zu der Lëtzebuerger Kulturgeschicht vum 19. Joerhonnert bis an d’Géigewaart. D’Rotondes huele fir d’4. Kéier deel, mat zwou Konferenzen zum Theema Kanner- a Jugendtheater.


Op d’mannst 200 Joer gëtt zu Lëtzebuerg Theater fir, vun a mat Kanner a Jonke gespillt. Engagéiert Schoulpersonal a Kiercheleit hu Wiichtelcher, Chrëschtspiller, Märercher an Niklosgeschichte lieweg gi gelooss. Spéider hu SchrëftstellerInnen, Ensembelen an Theaterhaiser eege Stécker op d’Bünen uechtert d’Land bei Jugend- a Studentenorganisatiounen, bei Veräiner an a Schoule bruecht. Dorëms geet et an der éischter Konferenz, déi vum Christiane Kremer moderéiert gëtt. Si presentéiert och déi 2. Konferenz, déi weist, wéi nei Kulturinstitutiounen an d’Programmatioun vu „Lëtzebuerg Kulturhaaptstad 2007“ de Kannera Jugendtheater am 21. Joerhonnert professionaliséiert hunn.


An dat passt! Well, fir et mam Guy Rewenig sengem Theaterstéck vun 1976 ze soen: „Kanner sinn och Leit“.

  • Organisateur / Collaboration : Organisé par les Rotondes
    En collaboration avec Institut de langue et de littératures luxembourgeoises vun der Uni.lu
  • Âge : À partir de 14 ans
  • Durée : 90’
  • Lieu : Klub
  • Langue : En luxembourgeois
  • Informations additionnelles : Dans le cadre du Luxembourg City Film Festival et de la Journée Mondiale du spectacle pour l’enfance et la jeunesse organisée par ASSITEJ
    Intervenante: Christiane Kremer

Détails date et heures

Jeudi 2025
20.03 à 18:30