Date

le 11.07.2024 de 18:30 à 19:30

Place

Place de la Constitution
Bd Franklin Delano Roosevelt
L-1116

Den Ech-Erzieler steet enges Dages am Laf vum Joer 2016 virun „dem Lach, dat fréier mol den Aldringer war“ a kritt d‘Gefill, datt generell eppes mat der Welt a besonnesch mat Lëtzebuerg net stëmmt. Alles wierkt fir hien, wéi wann et just eng bëlleg Kuliss aus Kartong wier. Wat als komescht Gefill ufänkt, entwéckelt sech zu engem eeschte Problem, well näischt méi reell wierkt: D‘Pizzeria net, d‘Chamber an déi lëtzebuergesch Politik souwisou net, net emol de Besuch beim Bäcker, wou ee rosenen Här versicht, säi Croissant op Lëtzebuergesch ze bestellen. D‘Lis, eng gutt Frëndin vum Ech-Erzieler, probéiert him d‘Gefill vun der Normalitéit zeréckzeginn. Dofir besichen déi zwee déi „schéinste“ Plaze vum Land. Si maache kee Roadtrip, well dat an engem klenge Land lächerlech wier. Si fueren trotzdeem bei de Bockfiels, an de Flying Dutchman, op d‘Aire de Berchem, de Stauséi a schlussendlech op de Kierchbierg. (Cover Text)

Détails date et heures

Jeudi 2024
11.07 de 18:30 à 19:30