Event in

LB

Dates and times

09.10.2025 from 18:00 at 19:30
This text is not available in English.
From ECHO.lu

Der rezenter Polindex-Etude vun der Uni Lëtzebuerg no si méi wéi een Drëttel vun de jonke Leit zu Lëtzebuerg der Meenung, dass d’Demokratie net déi beschte Regierungsform ass. D’Vertrauen an d’demokratesch Institutiounen zu Lëtzebuerg an an der Europäescher Unioun hëlt of. Hänkt dat eventuell och domat zesummen, dass mer eis ënnert deenen Institutiounen net wierklech eppes virstelle kënnen ? Dass keng Geschichten, keen Imaginär domat verbonne sinn ? Dass Präsidenten a Präsidentinnen, Staatsministeren, Kommissären, europäesch an national Deputéiert keng Figure sinn, deene mer an eise Fiktioune begéinen ? D’Viviane Thill analyséiert déi wéineg Ausnamen a kuckt, wéi d’demokratesch Institutiounen an europäesche Filmer a Serië sichtbar gemaach ginn, mat wéi engen Themen a Problematiken se verbonne sinn, a wéi e Bild vun der Demokratie esou vermëttelt gëtt.

.