Datum

am 07.03.2025 von 15:00 bis 17:00

Ort

Bonnevoie
RUE DE BONNEVOIE
L-1260 LUXEMBOURG

Wëllkomm um Luxembourg LGBTIQ Panel !

Bass du Deel vun der LGBTIQ Community? Hues du Loscht zesummen nozedenken, ze diskutéieren an Erfarungen an Iddien iwwer queer sinn zu Lëtzebuerg an an der Grenzregioun ze deelen? Dann maach mat bei eise Fokusgruppen, eng Rei vu kollektiven Interviews mat 3 bis 8 Leit aus der queerer Community.


*****

Dëse Fokusgrupp zum Thema "Queer am Alter 60 " (LU) fënnt de 7. März 2025 um 15 Auer am GERO - Kompetenzzenter fir den Alter (1, Dernier Sol, L-2543 Luxembourg-Bonnevoie) statt.


❓️Wéi gesäit ären Alldag als queer Senior*innen aus ?

❓️Op wéi eng sozial Kontakter kennt dir zeréckgräifen als eeler queer Persoun ?

❓️Wat erwaart dir iech vu Pflege- a Begleedstrukturen fir eeler Leit ?

From ECHO.lu


Zilpublikum: LGBTIQ Senior*innen an eeler queer Persounen iwwert 60 Joer


.

Umeldung iwwert eise Formulaire ass Pflicht : https://www.lgbtpanel.lu/registration-fg


Dëse Fokusgrupp gëtt gehosted vum GERO - Kompetenzzenter fir den Alter. Snacks a Gedrénks ginn de Participanten offréiert.


*****

Méi Informatiounen iwwer d’Fuerschung : www.lgbtpanel.lu

Méi zum LEQGF : www.leqgf.lu


****

Dëse Fuerschungsprojet gëtt realiséiert mat der Ënnerstëtzung vum Ministère fir Gläichstellung an Diversitéit an der Œuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte. D'Fokusgruppen zu interkulturellem Zesummeliewen an ethno-rassistescher Diskriminatioun gi realiséiert mat der Ënnerstëtzung vum Ministère fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Ënnerbréngung vu Geflüchteten.

Termine und Uhrzeiten

Vendredi 2025
07.03 de 15:00 à 17:00