Datum

am 12.02.2025 von 18:00 bis 19:30

Ort

De Gudde Wëllen Culture Club
rue de Saint Esprit
L-1475 Luxembourg

Wat leeft op de groussen, internationale Klimakonferenzen? Wee schwätzt do mat a wéi ass d’Stëmm vun der Jugend do vertrueden? Wat bedeit dat fir eis (Klima-)Politik an d’Thema Klimawandel an de Schoulen zu Lëtzebuerg? Dës an méi Themen wëlle mir mat dir zesummen beschwätzen, den 12. Februar ab 18 Auer am Gudde Wëllen an der Stad!

Komm laanscht a stell deng Froen un d’Natasha Lepage, wat als Climate Youth Delegate op der internationaler Klimakonferenz 2024 zu Baku dobäi war. Gëff gewuer, firwat et sech lount, sech fir eise Planéit ze engagéieren. So eis deng Meenung an tausch dech mat anere Jonken aus. Dëst an enger relaxer Diskussiounsronn mat Snacks a Gedrénks.

From ECHO.lu

So eis gär am Viraus Bescheed, ob du dobäi bass, fir dass mir eis besser organiséiere kënnen, iwwer move@oeko.lu., op eisem Instagram (move.meco) oder iwwer de Formulaire hei op eisem Site move.meco.lu/agenda

Kontakt

Termine und Uhrzeiten

Mercredi 2025
12.02 de 18:00 à 19:30