Datum

am 29.01.2025 von 18:30 bis 20:30

Ort

Rainbow Center - Zentrum fir queer Kultur
Rue St. Esprit
1475

TABLE-RONDE: 10 Joer Ouverture vum Mariage fir gläichgeschlechtlech Koppelen zu Lëtzebuerg: Réckbléck(er) an Aussiichten


Den 29. Januar 2025From ECHO.lu organiséiert de LEQGF – Laboratoire d‘Etudes Queer, sur le Genre et les Féminismes Asbl mam Rainbow Center eng Table-ronde mat Aktivist*innen, déi aktiv dorunner bedeelegt waren, de gläichgeschlechtleche Mariage zu Lëtzebuerg ze fuerderen.


Eis Panelist*innen diskutéiere réckbléckend d'Erfolleger, wéi och d'Erausfuerderunge fir d'LGBTIQ Community zu Lëtzebuerg.


D'Diskussioun baséiert sech haaptsächlech op d'Erënnerunge vun de Panelist*innen:

Wéi eng intern Diskussioune gouf et? Wéi huet een sech organiséiert?

Welch Aktiounen/Campagnen si gelaf? Wien huet um Niveau vu Politik a Gesellschaft dëse Kampf ënnerstëtzt?


RDV de Mëttwoch, 29. Januar 2025 um 18.30 Auer am Rainbow Center

(19 Rue du St Esprit, 1475 Ville-Haute Luxembourg)


Diskussioun op Lëtzebuergesch mat Simultaninterpretatioun op Franséisch.

D’Diskussioun gëtt per Video mat Toun opgeholl.


No der Diskussioun stousse mir zesummen u bei engem klengen Iwwerraschungssnack.

.

Umeldung erwënscht via de Formulaire. Begrenzt Sëtzplazen: first come, first served.


Bei wieder Froen oder fir de Programm ze kucken, besicht d'Websäit vun LEQGF.

Termine und Uhrzeiten

Mercredi 2025
29.01 de 18:30 à 20:30