Datum

von 18.01 um 10:00
bis 14.06 um 12:30 - 2025

Ort

ErwuesseBildung
av. Marie-Thérèse (CentreConvict: Entrée G, RDC)
L-2132 LUXEMBOURG

Een interkulturelle an intergenerationale Schreifatelier mat der Autorin Manon Della Siega fir schreifbegeeschtert Mënschen vu 14 bis 100 Joer


Hues du Freed um Schreiwen? Bass du op der Sich no spannenden an inspiréierende Schreifiddien? Hues du Loscht op Austausch an engem conviviale Kader? Da bass du bei eis genee richteg. Mir treffen eis fir zesumme kreativ ze schreiwen (op déi Sprooch op déi’s du Loscht hues) an eis iwwert eis Texter auszetauschen. Dank spillerescher Schreif-Invitatiounen wäerte mär vill Facette vun eiser Kreativitéit an eiser Schreifpraxis erfuerschen. No engem individuelle Schreifprozess wärend deem jidderee säin Text an der Sprooch verfaasse kann déi him am meeschten zouseet, wäerte mir eis Texter virliesen a mateneen deelen, an dat an engem absolut wäertschätzenden a freedvolle Kader.

From ECHO.lu


Fir jiddereen ab 14 Joer dee motivéiert ass kreativ ze schreiwen. .


Dësen Event fënnt am Kader vun Growing together vun der EwB statt. Méi Informatiounen fannt Dir hei …


Entrée: Gratis, mir géifen eis iwwert ee klengen Don freeën 

Informatioun: info@ewb.lu

Trainer*in: Manon Della Siega

Termine und Uhrzeiten

Samedi 2025
18.01 de 10:00 à 12:30
15.03 de 10:00 à 12:30
14.06 de 10:00 à 12:30