Datum

am 19.10.2024 von 10:30 bis 13:00

Ort

ErwuesseBildung
av. Marie-Thérèse (CentreConvict: Entrée G, RDC)
L-2132 LUXEMBOURG

Een interkulturelle an intergenerationale Schreifatelier mat der Autorin Manon Della Siega fir schreifbegeeschtert Mënschen vu 14 bis 100 Joer


Hues du Freed um Schreiwen? Bass du op der Sich no spannenden an inspiréierende Schreifiddien? Hues du Loscht op Austausch an engem conviviale Kader? Da bass du bei eis genee richteg. Mir treffen eis fir zesumme kreativ ze schreiwen (op déi Sprooch op déi’s du Loscht hues) an eis iwwert eis Texter auszetauschen. Dank spillerescher Schreif-Invitatiounen wäerte mär vill Facette vun eiser Kreativitéit an eiser Schreifpraxis erfuerschen. No engem individuelle Schreifprozess wärend deem jidderee säin Text an der Sprooch verfaasse kann déi him am meeschten zouseet, wäerte mir eis Texter virliesen a mateneen deelen, an dat an engem absolut wäertschätzenden a freedvolle Kader.


.

Fir jiddereen ab 14 Joer dee motivéiert ass kreativ ze schreiwen. 


Trainerin: Manon Della Siega

Informatioun: info@ewb.lu


Dësen Event fënnt am Kader vun Growing together From ECHO.luvun der EwB statt. An Zesummenarbescht mam Eltereforum a mat der Ënnerstëtzung vum MENJE.

Termine und Uhrzeiten

Samedi 2024
19.10 de 10:30 à 13:00