Datum

am 11.01.2025 von 10:00 bis 11:30

Ort

ErwuesseBildung
av. Marie-Thérèse (CentreConvict: Entrée G, RDC)
L-2132 LUXEMBOURG

E Liesmoien zum Thema “Du bass genau richteg” mat zwee spezielle Gäscht: D’Nami de Kuschelmupp an de Willy de Stroossenhond.


De Willy de Stroossenhond aus Portugal hat et a sengem Liewen net einfach. Ee Stéck vum Ouer feelt an en huet iwwerall Beesspuren. Trotzdeem huet de Willy d’Vertrauen an d’Liewen net verluer. (Virun allem net d’Freed um Iesse 😉)


De Willy féiert eis am éischten Deel vum Liesmoien an d‘ Thema: “Du bass genau richteg”^an, well och wann de Willy zimmlech ramponéiert ausgesäit, ass hien dach gutt esou wéi en ass.


Am zweeten Deel kënnt d’Nami an d’Spill, zesumme mat sengem Frauchen Myriam stellen si eis Geschicht fir an der ëm eis Stäerkten a Schwäche geet.

Am Uschloss maachen  sech d‘Eltere mat de Kanner op d’Sich no hire Schätz a Stäerkte . Perfekt fir bei der Rentrée d’Selbstbewosstsi vu sengem Kand ze stäerken.

Fir déi grouss Ënnerstëtzung vum Nami a vum Willy kréien d‘Éieregäscht zum Schluss natierlech vun all wëllegem Deelhueler ee Leckerli ausgedeelt.


W.e.g bei der Umeldung de Numm an den Alter vum Kand uginn. Merci.


From ECHO.lu

Entrée: Mir géifen eis iwwert een klengen Don freëen.

Informatioun.: leslie.fischbach@ewb.lu

Trainer*in: Leslie Fischbach, Myriam Vinandy

Zillgrupp: Kanner am Alter vu 5 – 7 Joer Vertrauenspersoun (Eltern, Großeltern, Stiefeltern, Nanny)


Dësen Event fënnt am Kader vun «Growing together» vun der EwB statt. A Kooperatioun mam Eltereforum, mat der Ënnerstëtzung vum MENJE.

Termine und Uhrzeiten

Samedi 2025
11.01 de 10:00 à 11:30