Datum

von 16.11 um 19:00
bis 24.11 um 19:00 - 2024

Ort

Cathédrale Notre-Dame
rue Notre-Dame
L-2240 Luxembourg

Zu Lëtzebuerg steet d’Traditioun zum Niklosdag op der nationaler Lëscht vum immaterielle Patrimoine. Mee, wee war dee Mann, un deen d’Kanner zënter Generatiounen all Joer virum 6. Dezember ee laange Wonschziedel schreiwen? A vun deem dat ganzt Joer iwwer op ville Plazen, net nëmmen an de Kierchen, eng Statu oder e Bild ze fannen ass. Wou kënnt hien hier? Wat gëtt et fir Legende ronderëm hien a wéi ass d’Traditioun, besonnesch zu Lëtzebuerg?


D’Legenden an Traditiounen zum Kleeserchersdag ginn duergestallt. Donieft gi Fotoe gewise vun den Duerstellunge vum Niklos an de Fester zu sengen Éieren aus dem ganze Land. Och historesch Reportagen an Dokumentatiounsfilmer aus de 40er bis 80er Joere gi projezéiert.


Den Entrée ass fräi!


----

.


Konferenz iwwert d’Niklosduerstellungen an d‘-traditiounen am ganze Land mam Historiker Dr Tom Zago:

  • 17.11. | 17.30 an der Stad an der EwB, 5, av. Marie-Therèse (Entrée G)
  • 25.11. | 19.00 zu Dikrech am Festsall vun der Grondschoul, place des écoles


----

From ECHO.lu


Et wäert och e Kaderprogramm fir Kanner ugebuede ginn. Méi Informatiounen...


----


Dës Expo gëtt am Uschloss zu Dikrech an der Porkierch ausgestallt. Dëst vum 26. November bis den 8. Dezember. Méi Informatiounen…


---


Zum Event op eiser Website...




Termine und Uhrzeiten

Samedi 2024
16.11 à 19:00 au 24.11