Datum

am 27.02.2025 um 19:00

Ort

Bibliothèque nationale du Luxembourg
Avenue John F. Kennedy
L-1855 Luxembourg

Vun de groussen Transformatiounen, déi sech zanter méi wéi engem Joerhonnert an der Minettregioun vollzunn hunn, war déi grondleeënd Ëmgestaltung vun der Landschaft ouni Zweiwel déi spektakuläerst. Nodeems de ländleche Raum an d’Bësch­landschafte vun der Schwéier­industrie zerstéiert goufen, kënnt et spéider zu enger grouss­flächeger Rekompositioun vun de Flächen, déi mam Verschwanne vun der Stol­industrie erëm fräi gi sinn.


.

Dëse Wandel vun der Land­schaft spigelt sech och am Wierk vun de Kënschtler, déi sech inspiréiert hunn un den impressionanten Ëmbréch, déi d’Regioun iwwer déi lescht zwee Joer­honnerten erlieft huet.


D’Antoinette Lorang hëlt ons mat op eng Rees duerch d’Geschicht vun der Lëtzebuerger Konscht an erzielt mat Hëllef vun enger Auswiel vu Biller vu representative Kënschtler, wéi d’artistesch Representatioun vun der Minett-Regioun sech am Laf vun der Zäit verännert huet.

From ECHO.lu


De kënschtleresche Bléck op d’Land­schaft vum Minett ass Deel vum Buch „Paysages du fer“, dat d’Konscht­historikerin Antoinette Lorang am Kader vun Esch2022 zesumme mam Historiker Luciano Pagliarini an dem Architekt Jean Goedert erausginn huet an erzielt vum Wandel vum Minett, dëser eenzeg­aarteger Land­schaft, déi wéi keng aner mat der Stol­industrie verbonnen ass, vum 18. Joer­honnert bis zu der Stad vu muer.

Termine und Uhrzeiten

Jeudi 2025
27.02 à 19:00