Datum
Ort
Rue St. Esprit
1475
TABLE-RONDE: 10 Joer Ouverture vum Mariage fir gläichgeschlechtlech Koppelen zu Lëtzebuerg: Réckbléck(er) an Aussiichten.
Den 29. Januar 2025. organiséiert de LEQGF – Laboratoire d‘Etudes Queer, sur le Genre et les Féminismes Asbl mam Rainbow Center eng Table-ronde mat Aktivist*innen, déi aktiv dorunner bedeelegt waren, de gläichgeschlechtleche Mariage zu Lëtzebuerg ze fuerderen.
Eis Panelist*innen diskutéiere réckbléckend d'Erfolleger, wéi och d'Erausfuerderunge fir d'LGBTIQ Community zu Lëtzebuerg.
D'Diskussioun baséiert sech haaptsächlech op d'Erënnerunge vun de Panelist*innen:
Wéi eng intern Diskussioune gouf et? Wéi huet een sech organiséiert?
Welch Aktiounen/Campagnen si gelaf? Wien huet um Niveau vu Politik a Gesellschaft dëse Kampf ënnerstëtzt?
RDV de Mëttwoch, 29. Januar 2025 um 18.30 Auer am Rainbow Center
(19 Rue du St Esprit, 1475 Ville-Haute Luxembourg)
Diskussioun op Lëtzebuergesch mat Simultaninterpretatioun op Franséisch.
D’Diskussioun gëtt per Video mat Toun opgeholl.
No der Diskussioun stousse mir zesummen u bei engem klengen Iwwerraschungssnack.
Umeldung erwënscht via de Formulaire. Begrenzt Sëtzplazen: first come, first served.
Bei wieder Froen oder fir de Programm ze kucken, besicht d'Websäit vun LEQGF.
Termine und Uhrzeiten