Jhemp Hoscheit
Genistre
L-1623
Veranstaltung auf
Termine und Uhrzeiten
D’Connie hätt villäicht besser op d’Mia oppasse sollen, da wär et net vun der Klunsch gefall. Mee hatt war ofgelenkt. Dem Mia seng Witzercher hunn hatt a seng eege Kandheet zréckgeworf an eng schlecht Ërennerung nees un d’Uewerfläch gelooss. Eng, déi sech gutt an engem däischteren Eck verstoppt hat an déi et sech laang net erkläre konnt. – Huet et sech dowéinst aus Roserei seng Hoer geschnidden?
Fir där Erënnerung an dem Ouninumm fir ëmmer lasszeginn? Zesumme mat senger Therapeutin an e puer Petzie geléngt et him elo no an no, déi schlëmm Erfarungen opzeschaffen. An dësem Roman geet de Jhemp Hoscheit mat Geschéck e schwéiert Theema un. Hie beschreift net nëmme Scholdgefiller, Frëndschafts- a Familljerelatiounen, hien erënnert virun allem och un d’Relevanz, iwwer mental Gesondheet vu Kanner ze schwätzen. (Source: Ed. Guy Binsfeld)
.Reservatioun obligatoresch.
.