Veranstaltung auf

FR

Termine und Uhrzeiten

18.05.2025 von 10:00 um 18:00

Um Kannerfestival steet d’ Spill, d’ Fuerschen, d’ Entdecken, an d’ Erliewen am Mëttelpunkt – eng Welt, wou d’ Kanner sech entfale kënnen. 

From ECHO.lu


Entdeckt déi non-formal Bildung mat Ärer Famill duerch eng fofzeg spilleresch an léierräich Atelieren déi fir Kanner am Alter vun 0 bis 12 Joer konzipéiert gi sinn!


Dës Atelieren ginn en Abléck an d’ Aktivitéiten, déi an de Bildungs- a Betreiungsstrukturen zu Lëtzebuerg ugebuede ginn, a weisen wéi déi non-formal Bildung d’ Entwécklung vun Schlësselfäegkeeten bei Kanner fërdert, an hir Talenter an Interessien ënnerstëtzt .


De Kannerfestival gëtt am Kader vun der Kannerwoch (17. bis den 23. Mee 2025) vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, a Collaboratioun mat den Acteure vun der non-formaler Bildung organiséiert, a gëtt Iech d’ Geleeënheet, fir flott Momenter mat Äre Kanner ze erliewen an ze deelen.


.

De Programm vum Kannerfestival a vun den Aktivitéiten déi am Kader vun der Kannerwoch organiséiert ginn, fannt Dir op www.semaine-enfance.lu oder www.kannerwoch.lu.